Tempo 30

Wéi misst een sech undoen oder besser gesot verpake wann Tempo 30 net existéiere géif. Dës kruzial Fro ass de Grondstee vun dëser Campagne, déi mer fir de MDDI developpéiert hunn. Erauskomm ass eng erfrëschend Approche déi d’Personnagen a iwwerspëtzten Zeenen weist. Zesumme mat eise Kollege vu Frameart hu mer dobäi nach e Video gedréint deen op alle Kanäl diffuséiert ginn ass.