Makers of Luxembourg

Mir si geéiert zesumme mat der Chambre des Métiers un dem spannende „Makers of Luxembourg“ Projet ze schaffen.
Lokal „Makers“ ze promouvéieren esou wéi d’Valeuren déi d’Chambre des Métiers representéiert – Qualitéit, Leidenschaft, Professionalitéit, Stolz, Traditioun an Innovatioun – sinn alles Elementer déi staark mat der Philosophie vun 101 Studios iwwertenee stëmmen.

Zesumme mat der Chambre des Métiers kollaboréiere mir un enger staarker Strategie déi eng lieweg Approche zu de Soziale Medien, d’Inclusioun vun der lokaler Communautéit an eng Kontinuitéit iwwert déi nächst Joer an der Virdergrond stellt; all dëst ënnert dem Banner vun enger ökologescher Approche zur Aarbecht an der Ëmsetzung. „Makers of Luxembourg“ ass eng cross-media Campagne déi zum Zil huet d’Valorisatioun vum Made in Luxembourg Label ze erhéijen, sou wéi all de Memberen d’Méiglechkeet ze bidden hiert Handwierk duerch d’Campagne virzestellen.

Fir dëst Objektiv ze erreechen, schafft d’Makers of Luxembourg Campagne op verschiddene Niveaue vum Marketing an der Kommunikatioun: se ass souwuel praktesch an digital, se zielt vill zentral Kanäl mat variéiertem Inhalt un, se sensibiliséiert d’Konsumente fir de Label an erhéicht seng Reechwäit, an se bitt eng grouss Diversitéit vu Contenu un. Lokal „Maker“ ze involvéieren an hinnen eng Plattform a Communautéit ze bidden ass e Schlësselelement vun eiser Approche a Strategie fir den Inhalt ze personaliséieren an de Konsumenten hir Valorisatioun vum Label ze erhéijen.