Fashion Avenue

Zënter 2017 gräift d’City Concorde op ganz villsäiteg Kompetenzen zréck. Vu Konzeptioun, iwwer Design bis hin zu Conseil, Organisatioun a Projetsmanagement si vill vun eisen Talenter gefrot. Qualitativ héichwäerteg a flexibel Léisungen si wichteg fir dem Client d’Gefill vum „City Concorde Lifestyle“ kënnen ze ginn.
D’Fashion Avenue, déi als Zil hat, déi nei Fréijoers- a Summermoud op eng nei Aart a Weis ze presentéieren, war deen éischte Projet dee mer zesummen ugaange sinn. Et ass eng vollstänneg Welt erschaf ginn, fir dem Client e komplett Fashion-Erliefnis ze bidden.