EU-TRIBE

Den EU-TRIBE ass d’Netzwierk vun de Startup Incubateuren an der Groussregioun. EU-TRIBE bitt Aarbechtsraum an de Partner Incubateuren, Accès op d’Netzwierkaktivitéiten a Kompetenzen, Accès zu de lokale Mäert, eng gemeinsam Plattform mat diverse Funktionalitéiten an en internationale Marketing duerch Foiren a Campagnen. Fir dës Initiative, déi vum House of Startups an d’Liewe geruff ginn ass, hu mir de Logo an eng ganz visuell Identitéit erschaf.
Des Corporate Identity fir den EU-TRIBE erfëllt verschidden Erwaardungen.

Zousätzlech zu enger pousséierter Grafik war et wichteg e moduläre System opzebauen deen et dem EU-TRIBE erméiglecht staark Message kennen ze kommunizéieren. De moduläre System erlaabt et weiderhin drop opzebauen an esou weider Elementer ze annexéieren.

Mir hunn eis gefreet e weidere Produit dierfte fir d’House of Startups ze entwéckelen a freeën eis op den nächste Challenge.