Den Escher Blog

Strategie – Design – Fotoen – Videoen – Copywriting – Social Media – Motion Design – Print

 

Et gëtt wuel keng Disziplin déi fir dëse Blog net gefuerdert ass! An Zesummenaarbecht mat Lightbulb hu mir fläisseg geschafft.

Dëst ass awer eréischt den Ufank. Iwwert déi kommend Méint a Joren erschafe mir mat Den Escher Blog eng Plattform déi Neiegkeeten, flott Informatiounen a spannend Geschichten zu a ronderëm d’Stad Esch erzielt.

Gebuer aus enger Initiative vun der Escher Gemeng, hieft Den Escher Blog dës Facettë vun der Stad Esch an all hirer Diversitéit ervir.

Genau déi Diversitéit spigele mir an enger staarker, flexibeler an dynamescher Identitéit erëm, déi et eis erlaabt mat der Zäit ze goen!

#101loves #101dares #101cares