Vakanz 2017-2018

2017 huet eis LuxairTours kontaktéiert mam Wonsch déi éischte Kéier iwwerhaapt personaliséiert Stockfotoe fir hir spezifesch Zilgruppen z’erstellen. Matt engem Team vu méi wéi 15 Léit si mir op déi jeeweileg Destinatioune Mallorca an Teneriffa geflunn an hu wärend 4 Deeg Fotoe produzéiert. Vun der Organisatioun, iwwer d’Autorisatiounen, de Modelcasting, dem Make-up bis hin zum Stylismus, de Retouchen an der Konzeptioun, krut de Client eng all-inklusive Léisung innerhalb vu kuerzer Zäit vun eis op d’Bee gestallt. D’Fotoe ginn haut am Digitale ewéi am Print-Beräich benotzt a ginn LuxairTours eng lëtzebuergesch Touche.