Meng Energie. Meng Verantwortung.

myenergy ass déi national Struktur zur Fërderung fir eng nohalteg Energiewend. Mir kruten den Optrag den Optrëtt vu myenergy méi perséinlech ze gestalten an hinnen en Image opzebauen, deen iwwert déi normal Stockfotoen erausgeet. Doropshin hu mer d’MissEnergy mat hirer Ekipp entwéckelt, déi dem ganze Mouvement e Gesiicht gëtt. Déi erfrëschend Approche huet op alle Kanäl dozou gefouert, dass d’Berodungszuele kontinuéierlech an d’Luucht gaange sinn.