100 Joer LGS

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten feieren 100 Joer. Honnert Joer ass eng laang Zäit! 1919, wéi de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten gegrënnt ginn ass, sinn d’Acteure vun deemools mat vill Engagement un d’Wierk gaangen. Kee vun hinne konnt virausgesinn, wéi eng Freed, Aventuren, Innovatiounen an awer och Leed op si an op hir Nofolger géif zoukommen. De Verband huet ouni Zweiwel Héichten an Déiften erlieft. Op jiddwer Fall ass hie mat erhuewenem Kapp bis an d’Joer 2019 viru marschéiert. All déi Joren, huet hie versicht sech z’erneieren an sech der Zäit unzepassen. Duerch d’Fusioun, ass e montere Schratt an dat neit Joerdausend gemaach an elo si mer beim honnertste Gebuertsdag ukomm.

101 ass houfreg dierften d’Buch zu dësem 100 järegem ze designen. Fir eis war et wichteg den LGS e Produit ze liwweren deen zu hinne passt. 100% recycléierbar, e Cover deen ausgelasert ginn ass, en oppene Réck a Fiedem an alle Faarwe passend zu de verschiddene Gruppen!